Festival De Cannes открытые
[search 0]
Больше
Download the App!
show episodes
 
Loading …
show series
 
Nodeems mir eis gëschter d’Highlighte vum Concours ugekuckt hunn an éier am Grousse Kino genee déi Filmer op de Leescht geholl ginn, war sech de Jeff Schinker zu Cannes och e puer Filmer aus anere Selektiounen ukucken - an huet dofir säi Schlof geaffert. Hie stellt "Les fantômes" vum Jonathan Millet a "Ma vie ma gueule", de posthume Film vun der So…
  continue reading
 
Muer ass et souwäit: Iwwer de ganze Weekend verwandelt de Koll an Aktioun de Site vum Schifermusée zu Maarteleng an ee Museksfestival. D’Preparatioune lafen dës Woch op Héichtouren, an de Joé Birchen war mam Mikro bis op d’Plaz. Hien huet Andréck vum Opbau matbruecht a mat der Ekipp, déi haaptsächlech aus Volontairë besteet, iwwer hir Aarbecht gesc…
  continue reading
 
Et ginn Objeten, déi relativ einfach enger Bedeitung zougeuerdent kënne ginn. Anerer, besonnesch déi, déi mir net esou gutt kennen, loosse sech dogéint méi schwéier anuerdnen. Der Hisae Ikenaga hir Installatiounen a Skulpture befanne sech genee do iergendwou dotëschent a loossen een eng Zäitche wonneren. D’Ausstellung “Phantom Limbs” an der Konscht…
  continue reading
 
Mat sengem Sachbuch "La Bataille des journalistes. Réflexion sur le monde de l'information à la dérive" (Editions Guy Binsfeld) stéisst de Laurent Moyse oppen Dieren op a geet politesch ze brenzlegen Erklärungen aus dem Wee, mengt de Michel Delage a senger Kritik.radio 100,7
  continue reading
 
Haut ass zu Cannes den Dag vun de Filmer, där hiren Tournage laang a komplizéiert war – am Wettbewerb gi "Bird" vun der US-Amerikanerin Andrea Arnold, déi gëschter wärend der Ouverture vun der Quinzaine des Cinéastes eng Carrosse d’Or krut, a "Megapolis" vum Francis Ford Coppola virgestallt. De Jeff Schinker ass op der Croisette a stellt eis haut e…
  continue reading
 
Post Punk aus Wales, an op Walisesch, proposéiert de Gudde Wëlle muer den Owend mat Adwaith. Dräi jonk Waliserinnen, déi d‘Poesie vun hirer Sprooch duerch d‘Musek wëlle weiderginn. De Marc Clement wollt méi wëssen an hat d‘Sängerin Hollie Singer an d‘Bassistin Gwen Anthony doheem zu Carmarthen ugeruff.…
  continue reading
 
Wéi esou dacks gëtt de Festival de Cannes vun enger Rei Protester a Skandaler encadréiert. Gläichzäiteg gëtt de Public vu moies fréi bis owes spéit vun de Kinossäll op der Croisette verschléckt. De Jeff Schinker ass zu Cannes a liwwert eis éischt Andréck.radio 100,7
  continue reading
 
D’Gemeng Stroossen invitéiert op déi 12. Editioun vun hirer Biennale fir Zäitgenëssesch Konscht. Am Centre Culturel Paul Barblé fannen ënnert anerem Molereien, Skulpturen a Fotografie vun 30 Kënschtlerinnen a Kënschtler hier Plaz, an do dernieft goufen der dräi vun hinne mat engem Präis vun der Gemeng Stroossen ausgezeechent. De Joé Birchen war fir…
  continue reading
 
Wann d’Klangkënschtler vum italieenesche Kollektiv Polisonum annoncéieren, datt si de Phänomen “Ouerewierm” an Ugrëff huele wëllen, kann een dovunner ausgoen, datt si net eng Aart Insektizid fir e Sënnesorgan entwéckelen. Di lescht Joren hunn d’Memberen, mat Hëllef vun enger spezieller Software, 10.000 musikalesch Ouerewierm, déi tëscht 2000 an 202…
  continue reading
 
Analogopname mat vill Dynamik, déi op dat Präziist d’Zesummespill vun der Band afänke wollten – dat waren an e puer Wieder d‘Markenzeeche vum amerikaneschen Tountechniker Steve Albini, deen iwwer Jorzéngten de Sound vum amerikaneschen Indie matgepräägt huet. De leschten Dënschden ass de Steve Albini un engem Herzinfarkt gestuerwen. Hie war 61 Joer …
  continue reading
 
Grenziwwerschreidende Kënschtleraustausch fir eng nei Zort vu Kollaboratioun a Renconter tëscht Kënschtler:innen. Mat dësem Zil hunn d’Stied Lëtzebuerg a Saarbrécken 2005 de Programm “Artmix” lancéiert a weider ausgebaut. Fir déi aktuell 12. “Artmix”-Editioun huet e Jury d’Multimedia-Kënschtler Noé Deboutay fir Lëtzebuerg an Darja Linder fir Saarbr…
  continue reading
 
Dem Samuel Hamen säin Text, eng Optragsaarbecht vum TNL, dréit d'Jeanne Werner aleng op der Bün a Form vun zeenescher Liesung vir. D'Valerija Berdi an de Michel Delage diskutéieren iwwer d'Virstellung, déi si den Dënschden (7. Mee) am Theâtre National de Luxembourg gesinn hunn.radio 100,7
  continue reading
 
Gëschter Owend war déi däitsch Comic-Kënschtlerin am Institut Pierre Werner fir iwwer hiert Buch „Emmie Arbel – Die Farbe der Erinnerung“ ze schwätzen. D'Wierk erzielt d'Geschicht vun der Emmie Arbel, déi dräi Konzentratiounslager wärend dem Zweete Weltkrich iwwerlieft huet.radio 100,7
  continue reading
 
Dës Woch ass den Eurovision Songcontest 2024! Ënnert dem Motto “United by Music” gëtt en dëst Joer zu Malmö a Schweden ausgedroen. No 31 Joer ass och Lëtzebuerg erëm vertrueden – an zwar vun der 23 Joer jonker Sängerin Tali. Wéi genee lafen elo déi nächst Deeg of? Dat erkläert eis vu Malmö d’Sophie Schroeder.…
  continue reading
 
Fir säin zweete Film hannert der Kamera deelt sech de Viggo Mortensen d'Affiche mat der Vicky Krieps. Wärend dem leschte Luxfilmfest hat de Michel Delage sech mam dänesch-amerikanesche Cineast an Acteur iwwer säi Western "The Dead don't die" ënnerhalen. De Film leeft de Moment an eise Kinoen.radio 100,7
  continue reading
 
Richtung 22 soll Enn dës Mounts aus dem Bâtiment 4 eraus. Hire Kontrakt ass net erneiert ginn, dat, obschonns nach eng Konventioun tëscht dem Kollektiv an der frEsch absl besteet. No ville Protester vum Kollektiv an enger relativ klorer Reaktioun vun der asbl hate mer haut de Pim Knaff, President vun der asbl, an de Felix Adams vu Richtung 22 am St…
  continue reading
 
En Dënschde war d’Metteure en scène Pauline Collet bei eis am Interview, haut huelen den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker hier Mise en scène vun "Times Square", ee meta-theatraalt Theaterstéck vum Clément Koch, deen d’Saison am TOL clôturéiert, ënnert d’Lupp.radio 100,7
  continue reading
 
Hei heescht et d’Ouere besonnesch gutt spëtzen: An eisem Sound Atlas huelen eis d’Kerstin Thalau an de Joé Birchen mat duerch verschidde Landschaften, Plazen, Objeten a Geschichten, an dat alles mat engem Fokus op all Kéiers een anert bestëmmtent Geräisch. Op wéi eng Rees geet et dës Kéier?radio 100,7
  continue reading
 
Den 30. Abrëll ass den amerikanesche Schrëftsteller Paul Auster am Alter vun 77 Joer gestuerwen. E Schrëftsteller , dee Millioune vu Lieser ze begeeschtere wosst. Sengen aussergewéinleche Protagonisten huet de Paul Auster a senger experimenteller, mystescher a postmoderner Sprooch skurril a philosophesch Liewensweeër gezeechent. D’Valerija Berdi as…
  continue reading
 
Den 30. Abrëll ass den amerikanesche Schrëftsteller Paul Auster am Alter vun 77 Joer gestuerwen. E Schrëftsteller , dee Millioune vu Lieser ze begeeschtere wosst. Sengen aussergewéinleche Protagonisten huet de Paul Auster a senger experimenteller, mystescher a postmoderner Sprooch skurril a philosophesch Liewensweeër gezeechent. D’Valerija Berdi as…
  continue reading
 
Iwwert d’Konscht- a Kulturoffer zu Lëtzebuerg kann ee sech haut wierklech net bekloen. Eng etlech Leit fannen, nieft hirem eegenen alldeegleche Programm, just keng Zäit dofir. Dach, fir eng schonn: fir d’Akafskultur. Viru knapps 10 Joer hate 7 Fraen sech an de Kapp gesat, déi ze revolutionéieren, an domat d’Gesellschaft nohalteg ze veränneren. Si h…
  continue reading
 
Nächste Mëttwoch ass den Optakt vun enger spannender Saison am Prabbeli zu Wolz, wou zanter enger Zäitchen net nëmmen de Programmateur Marc Scheer zeréck ass, mee och d‘Sessions am Brandbau. Villes ass geplangt, besonnesch elo am Mee an am Juni. De Marc Clement wollt méi wëssen an huet de Marc Scheer an de Studio matbruecht.…
  continue reading
 
De kanadesche Sänger Marker Starling kënnt den Owend an d‘Rotonden, ee Mann vun Toronto, dee wéi duerch Zoufall Deel ass vun der klenger internationaler Krautrockzeen, déi d‘Londoner Stereolab a Vanishing Twin mat de Kölner Von Spar an hirem Entourage labber verbënnt. Ëmmer erëm héiert ee bei de Kölner een ee gewëssene Chris Cummings oder Marker St…
  continue reading
 
Fir den Ofschloss vun der Saison 23-24, wärend där den TOL seng 50 Joer gefeiert huet, inzenéiert déi jonk Metteure en scène, Schauspillerin an Auteurin Pauline Collet, "Times Square" vum Clément Koch - ee Stéck, dat als Celebratioun un den Theater geduecht ass an eis hannert d'Kulisse vun de Beruffer aus der Theaterwelt féiert. D'Metteure en scène…
  continue reading
 
Dëse Weekend hunn d‘Finalistinnen a Finaliste vum Prix Laurence hir Texter ze Beetebuerg virgedroen an de Jury huet dann och decidéiert, wien an den zwou Alterskategorien, 12 bis 17 an dann 18 bis 26 Joer ausgezeechent ginn. De Prix Laurence gëtt am Kader vum Literaturfestival „LiteraTour“ ze Beetebuerg organiséiert a riicht sech u jonk Mënschen, d…
  continue reading
 
D‘Lara Grogan huet scho mat 14 Lidder geschriwwen an d‘Leit ronderëm se iwwerrascht. No éischten Erfolleger, mat elo 20 bréngt si hir éischt Plack eraus, „The Sculptor“, mat direkt zwee Release-Concerten. De Marc Clement huet mat der jonker Musekerin geschwat.radio 100,7
  continue reading
 
De Lëtzebuerger Pavillon an der Sale d'Armi vum Arsenale ass dëst Joer net just immens international opgestallt - et mécht esou guer Sënn, e reegelméisseg kucken ze goen, well vun Abrëll bis September véier Kënschtler:innen am vun der Joel Valabrega kuratéierten a vum Andrea Mancini an dem Kollektiv Every Island konzeptualiséierte Pavillon Residenz…
  continue reading
 
Als Member vun der Lëtzebuerger Hard-Rock-Band Porn Queen ass de Lucas Ferraz mat sengem Idol Slash zu Rio de Janeiro opgetrueden. Den Owend spillt den ex-Guns‘n‘Roses-Gittarist mat senger Band Myles Kennedy The Conspirators an der Rockhal, an de Lucas Ferraz ass déi Kéier Solo als Oppener mat dobäi. De Marc Clement huet mam Gittarist iwwer den Opt…
  continue reading
 
Lëtzebuerger Editiounshaiser, Autorinnen an Auteure sinn ëmmer méi present op auslännesche Bicherfoiren. Dofir ass KulturLX, de Lëtzebuerger Arts Coucil zoustänneg, dee sech fir d‘Promotioun vun der Lëtzebuerg Kultur am Ausland engagéiert. D'Presenz op auslännesche Bicherfoiren, Iwwersetzungen, Residenze vun Autorinnen an Auteuren am Ausland an d'A…
  continue reading
 
Dëse Sonnden (28.04) gëtt et am Kammermusekssall vun der Philharmonie e ganz ... witzege Concert. Den Orchestre de Chambre du Luxembourg spillt de Sonnden e Concert ënner dem Motto "Fun!" an der Philharmonie. Um Programm sti Stécker aus puer Joerhonnerte Kammermusek. D'Prouwe vum OCL sinn zanter der leschter Rentrée am Auditorium vun der Internatio…
  continue reading
 
3 Joer laang war de Sacha Hanlet „Artist in Residence“ an der Kulturfabrik, ënner Anerem fir säin R&B Projet Them Lights opzestellen. Elo ass d‘Aarbecht gemaach a gefeiert gëtt se mat engem Concert an der Kulrturfabrik de kommenden Dënschden, bei deem nieft dem Material vun der rezenter EP DRK och ganz nei Musek presentéiert gëtt. De Marc Clement h…
  continue reading
 
Als Member vun der Lëtzebuerger Hard-Rock-Band Porn Queen ass de Lucas Ferraz mat sengem Idol Slash zu Rio de Janeiro opgetrueden. De Freiden den Owend spillt den ex-Guns‘n‘Roses-Gittarist mat senger Band Myles Kennedy The Conspirators am Main Hall vun der Rockhal, an de Lucas ass déi Kéier Solo als Opener mat dobäi. De Marc Clement huet mam Gittar…
  continue reading
 
Loading …

Краткое руководство