Zukunft #14 mam Georges Bock: "Eng erfollegräich nohalteg Ökonomie"
Manage episode 461555536 series 3606931
Wéi kënne mir eise Steiersystem fir eng méi nohalteg Zukunft transforméieren? De Georges Bock, Finanzexpert a Grënner vu Moniflo, diskutéiert seng Visioun fir eng Steierreform, déi Ressourcenverbrauch an Emissiounen besteiert, an net nëmmen d’Aarbecht. Hien erkläert, wéi gréng Investissementer an digital Technologien eis Wirtschaft kënnen transforméieren, a wisou "green goes digital" méi wéi e Slogan ass.
Dir wäert iwwerrascht sinn: Ass eng nohalteg Wirtschaft vläicht méi rentabel wéi eng traditionell? Lauschtert dës Episode elo op alle Plattformen an abonnéiert eis op Instagram (@oneplanet_20futures) an op LinkedIn (@csdd_nohlategkeetsrot).
Méi Informatiounen:
Moniflo: https://en.moniflo.com/
Tax Shift by CSDD: https://csdd.public.lu/content/dam/csdd/fr/actualites/2023/07/the-taxshift-etude-de-cas-luxembourg-rsum-excutif-fr.pdf
ESMA Studie: Säit 24, https://www.esma.europa.eu/sites/default/files/2025-01/ESMA50-524821-3525_ESMA_Market_Report_-_Costs_and_Performance_of_EU_Retail_Investment_Products.pdf
Georges Bock op LinkedIn: https://www.linkedin.com/in/georgesbock/
D'Rubricken:
06:00 - D’Fro vun der Nohaltegkeet
12:15 - Top Flop
14:44 - Fakten, Fakten, Fakten
24:45 - De kritesche Geescht
15 эпизодов